Benotzungsbestëmmungen

Des allgemeng Benotzungsbestëmmunge reegelen den Zougang an de Gebrauch zu der Websäit https://phono.lu an all Säiten di vun hier ofhänken. Wann Dir op de Site zougräift, gëllen des Bestëmmunge souwéi d’Informatioun iwwert den Dateschutz als gelies an akzeptéiert.

Warnung

Den Zougang zu dëser Säit erfollegt iwwert den Internet. De Benotzer erkläert heimat, d‘Risiken di mat der Notzung vum Internet verbonne sinn ze kennen an ze akzeptéieren. Dem Benotzer gëtt geroden sech virun den Auswierkunge vun der Computerpiraterie ze schützen, andeem en eng ugepassten a sécher Computer Konfiguratioun unhëlt.

De Bedreiwer vun dëser Säit kann net fir Schied haftbar gemaach ginn, di dem Benotzer direkt oder indirekt am Zesummenhang mat senger Navigatioun op dëser Websäit oder der Benotzung vu sengen Déngschter, oder vun him vermëttelt Websäiten erlidden huet.

Ännerung der Website

De Bedreiwer vun dëser Websäit behält et sech vir des Websäit, wéinst Revisiounsaarbechten, fir se ze aktualiséieren oder aus anere Grënn, di en als noutwendeg oder nëtzlech eruecht, ouni Preavis ze änneren, onzougänglech ze maachen oder ze spären. De Bedreiwer kann all Moment all oder en Deel vun den Informatiounen an Déngschtleeschtungen, di op der Websäit enthale sinn oder virgeschloe ginn, zeréckzéien, ergänzen oder vervollstännegen. De Bedreiwer haft net fir direkt oder indirekt Schied am Zesummenhang mat sou Ännerungen.

Haftungsbeschränkungen

De Bedreiwer strieft eng maximal Verfügbarkeet vun dëser Websäit un.

De Bedreiwer vergewëssert sech der Sécherheet vum Computersystem. Seng Responsabilitéit kann awer net am Fall vun engem Ugrëff op d’Computersystem oder enger temporärer oder definitiver Indisponibilitéit vun dëser Websäit ageklot ginn.

De Bedreiwer ass beméit d’Richtegkeet vun den Informatiounen oder Déngschtleeschtungen di op dëser Websäit ugebuede gi sécher ze stellen. De Bedreiwer haft awer net am Fall vun Ongenauegkeete bei der Aktualiséierung vun den Informatiounen, bei Feeler bei der Manipulatioun vum System oder bei Feeler an der Kodeierung, Mängel an de bereetgestallten Informatiounen oder anere Feeler, Ongenauegkeeten oder Auslossungen. Keng vun deenen op der Websäit verëffentlechten Informatiounen huet en Usproch op Vollstännegkeet oder stellt eng Verflichtung vum Bedreiwer duer.

Linken zu externe Säiten

Vir de Confort vum Benotzer sinn op dëser Websäit Linken op extern Websäiten enthalen, di fir sie nëtzlech kenne sinn oder se interesséiere kéinten. De Bedreiwer kontrolléiert net systematesch den Inhalt vun dëse Säiten. Hien kann dofir net fir d’Inhalter di op deene Websäite presentéiert gi verantwortlech gemaach ginn, dëst weder wat d’Rechtméissegkeet nach wat d’Richtegkeet vun den doran enthalenen Informatiounen ugeet.

Ännerunge vun de Benotzungsbedéngungen

Des Benotzungsbedéngunge souwéi d’Dateschutzerklärung vun dëser Websäit kennen zu all Moment an ouni Preavis, geännert oder ergänzt ginn, e. a. am Kader vun Ännerunge vun der Websäit, der Entwécklung vun der Gesetzgebung oder hirer Interpretatioun, an a Kader vun anere vum Bedreiwer als noutwendeg oder nëtzleche Grënn.

Et leit am Benotzer senger Verantwortung sech iwwert d’Benotzungsbedéngungen an d’Dateschutzerklärung un dëser Websäit ze informéieren, vun deene just nëmmen di aktualiséiert Versioun di online verfügbar ass, gelt.

Uwennbart Recht an Geriichtsbarkeet

All Streit am Zesummenhang mat der Notzung vun dëser Websäit an hiren Déngschtleeschtungen ënnerleit de Lëtzebuerger Gesetzer an der exklusiver Zoustännegkeet vun de Lëtzebuerger Gerichter.