Copyright

D’Websäit https://phono.lu, all hir Deeler (einschließlich Layout) sowei Informatiounen, Dokumenter an Déngschtleeschtunge sinn duerch di lëtzebuergesch Gesetzer di geeschtegt Eegentum an Auteursrechter regele geschützt.

Duerch d’Bereetstellung vun dëser Websäit erdeelt de Bedreiwer keng Lizenz oder Geneemegung a Bezuch op d’Rechter vum geeschtegen Eegentum, di op hien dëser Websäit, hiren Deeler oder hiren Déngschtleeschtunge besetzt. Doriwwer eraus ass ouni prealabel schrëftlech Autorisatioun vum Bedreiwer vun dëser Websäit keng Vervillfältegung vun Informatiounen, Dokumenter oder Déngschtleeschtungen, ob ganz oder deelweis, an egal a wéi enger Form oder Aart a Weis, erlaabt.

Den Notzer ass ënnert folgende Bedingunge berechtegt, di zur Verfügung gestallten Dokumenter unzekucken, erofzelueden, an erausstrecken :

  • D‘Dokumenter dierfen nëmmen zu perséinlechen an Informatiounszwecker, an engem streng privaten, net kommerzielle Kontext a mat Respekt fir d‘Wierk an säin Auteur benotzt ginn ;
  • D’Dokumenter an Informatiounen dierfen a kenger Weis verännert ginn ;
  • D‘Dokumenter an Informatiounen dierfen nëmmen duerch Weidergi vun engem Link zu dëser Websäit verbreet ginn.

Di Berechtegungen, di Iech implizit oder ausdrécklech gewäert ginn, stellen eng Benotzungsgeneemegung duer an a kengem Fall eng Kreatioun, en Transfert oder eng Zouuerdnung vu Rechter, Eegentum, oder soss Uspréch a Bezuch op des Websäit an hier Inhalter.