De Bedreiwer vun dëse Säiten hellt de Schutz vun äre perséinlechen Donnéeën eescht. Är perséinlech Donnéeë gi vertraulech a konform zu deenen entspriechende gesetzlechen Dateschutzvirschrëfte souwéi dëser Dateschutzerklärung behandelt.
Allgemeng Hiweiser
Wann Dir des Websäit benotzt, gi verschidde persounebezunnen Daten erhuewen. Persounebezunnen Date sinn Daten, mat deenen Dir perséinlech identifizéiert kennt ginn. Des Dateschutzerklärung leet duer, wéi eng Daten erhuewe ginn a wéi an zu wéi engem Zweck dëst geschitt.
Et gëtt drop higewisen, dass d’Dateniwwerdroung am Internet (z.B. bei der Kommunikatioun per E-Mail) Secherheetslücken opweise kann. E lückenlose Schutz vun den Date virun engem Zougrëff duerch Drëtter ass net méiglech.
Ween ass verantwortlech fir d’Erhiewung vun Daten op dëser Internetsäit ?
D’Dateveraarbechtung op dëser Websäit erfollegt duerch de Websaïtenbedreiwer. De Responsable du Traitement am Sënn vum Artikel 4 (7) vum europäeschen Dateschutzreglement (RGPD) ass de Bedreiwer vun dëser Säit. De Bedreiwer decidéiert iwwert den Zweck an d’Mëttel vun der Veraarbechtung vu persounebezunnen Daten (z.B. Nimm. E-Mail Adressen, asw…). Dir kennt de Bedreiwer kontaktéieren andeems Dir op dëse Lien klickt.
Wéi ginn är Donnéeën erfaasst?
Är Donnéeë ginn zum engen doduerch erhuewen, dass Dir se selwer matdeelt. Heibäi kann et sech z.B. em Daten handelen, di Dir selwer iwwert Mail iwwert de Kontaktlien iwwermëttelt.
Aner Date ginn automatesch beim Besuch vun dëser Websäit duerch IT-Systemer vum Webhoster erfaasst. Dat si virun allem technesch Daten (z.B. Internetbrowser, Betribssystem oder Auerzäit vum Saïtenofruf). Des Erfaassung vun dësen Date geschitt automatesch, soubal Dir des Websäit oprufft.
Woufir ginn är Donnéeë genotzt?
En Deel vun den Donnéeë ginn erhuewen, vir eng feelerfräi Bereetstellung vun dëser Websäit ze garantéieren. Aner Donnéeë gi benéidegt vir är Kontaktufro ze verschaffen. De Bedreiwer hält sech ausserdeem vir är Donnéeën ze veraarbechte vir rechtlech Schrëtt ze ënnerhuelen, vir eege Rechter oder Rechter vun Drëtter anzekloen. An deem Kader behält sech de Bedreiwer och vir, d’Donnéeën un Intermediairen oder Autoritéite weiderzeginn, respektiv se ze verëffentlechen oder un d’Press weiderzeginn.
Wéi eng Rechter hutt Dir am Bezuch zu deenen Donnéeën?
Dir hutt d’Recht zu all Moment gratis informéiert ze ginn iwwert d’Provenance, den Empfänger an den Zweck vun äre gespäicherte perséinlechen Donnéeën. Dir hutt d’Recht d’Verbesserung, d’Spärung, oder d’Läschung vun dësen Daten ze verlaangen. Dozou sou wéi zu all weidere Froen zum Thema Dateschutz kennt Dir iech zu all Moment per Mail un de Bedreiwer wennen. Desweidere steet et Iech zou bei der zoustänneger Kontrollinstanz ze reklaméieren.
Ausserdeem hutt Dir d’Recht, ënnert bestëmmten Emstenn d’Aschränkung vun der Veraarbechtung vun äre persounebezunnenen Donnéeën ze verlaangen. Detailer dozou fannt Dir an dëser Dateschutzerklärung ënnert „Recht op Aschränkung vun der Veraarbechtung“
Widderruff vun ärer Awëllegung zur Dateveraarbechtung
Et ginn Dateveraarbechtungsvirgäng di nëmme mat ärer ausdrécklecher Awëllegung méiglech sinn. Dir kennt eng schonn zougesoten Awëllegung zu all Moment widderruffen. Dozou geet et duer eng formlos E-Mail un de Bedreiwer ze schécken. D’Rechtméissegkeet vun de bis zum Widderruff veraarbechten Donnéeë bleift heivun onberéiert.
Widderspruchsrecht géint d’Datenerhiewung a besonnesche Fäll (Art. 21 RGPD)
Wann d’Dateveraarbechtung op der Grondlag vum Art. 6 Abs. 1 lit. e oder f RGPD erfollegt, dann hutt Dir zu all Moment d’Recht, aus Grënn, di sech aus ärer perséinlecher Situatioun eraus erginn, géint d’Veraarbechtung vun äre persounebezunnen Donnéeë Widdersproch anzeleeën.
Di jeeweileg Rechtsgrondlagen, op deenen eng Veraarbechtung berout, enthuelt Dir dëser Dateschutzerklärung. Wann Dir Widdersproch aleet, wäert de Bedreiwer är persounebezunnen Donnéeën net méi veraarbechten, et sief dann hie kann zwéngend schutzwürdeg Grënn fir d‘Verarbechtung noweisen, di är Interessen, Rechter, a Fräiheeten iwwerweien, oder d’Veraarbechtung déngt der Geltendmachung, Ausübung oder Verdeedegung vu Rechtsusprech. (Widersproch no Art. 21 Abs. 1 RGPD).
Beschwerderecht bei der zoustänneger Kontrollinstanz
Am Fall vu Verstéiss géint D’RGPD steet de Betraffenen e Reclamatiounsrecht bei der Kontrollinstanz vun hirem gewéinlechen Openthalt, hirer Aarbechtsplaz, oder der Plaz vum vermuttleche Verstouss zou. D‘Reclamatiounsrecht besteet onofhängeg vun all aner verwaltungsrechtlechen oder geriichtleche Recoursen.
Recht op Dateniwwerdrobarkeet
Dir hutt d’Recht, Daten, di de Bedreiwer op der Grondlag vun ärer Awëllegung automatiséiert verschafft, un iech oder un Drëtter an engem gängegen, maschinneliesbare Format aushännegen ze loossen. Soubal Dir eng direkt Iwwerdroung vun den Donnéeën un en Drëtte verlaangt, geschitt dëst nëmme souwäit et technesch méiglech ass. D’Rechter vun Drëtter bleiwen heibäi onberéiert.
SSL-Verschlësselung
Des Säiten notzen aus Sécherheetsgrënn eng SSL-Verschlësselung. Eng verschlësselt Verbindung erkennt Dir dorun, dass D’Adresszeil vum Browser vun “http://” op “https://” wiesselt an um Schlass-Symbol an der Browserzeil.
Wann d‘SSL-Verschlësselung aktivéiert ass, kënnen d‘Daten, di Dir un de Bedreiwer iwwermëttelt, net vun Drëtter matgelies ginn.
Recht op Informatioun, Spärung, Läschung, a Korrektioun vun den Donnéeën
Dir hutt d’Recht an der Rumm vun de gesetzleche Bestëmmungen zu all Moment gratis informéiert ze ginn iwwert är persounebezunnen Donnéeën, hir Provenance, den Empfänger an den Zweck vun hirer Veraarbechtung, resp. e Recht op d’Korrektioun, d’Spärung, oder d’Läsche vun dësen Donnéeën. Heizou souwéi zu all weidere Froen zum Thema kennt Dir zu all Moment un de Bedreiwer wennen.
Recht op Aschränkung vun der Veraarbechtung
Dir hutt d’Recht d’Aschränkung vun der Veraarbechtung vun äre persounebezunnenen Donnéeën ze verlaangen. Dozou kennt Dir Iech zu all Moment un de Bedreiwer wennen. D’Recht op Aschränkung vun der Veraarbechtung besteet a folgende Fäll :
Wann Dir d’Richtegkeet vun den Donnéeë bestreit di vum Bedreiwer gespäichert ginn, da brauch de Bedreiwer Zäit fir dat ze iwwerpréiwen. Fir d’Dauer vun där Prüfung hutt Dir d’Recht, d’Aschränkung vun der Veraarbechtung vun äre persounebezunnen Donnéeën ze verlaangen.
Wann d’Veraarbechtung vun äre persounebezunnen Donnéeën onrechtméisseg geschitt ass oder geschitt, kennt Dir d’Aschränkung vun der Veraarbechtung amplaz vun der Läschung verlaangen.
Wann de Bedreiwer är persounebezunnen Donnéeën net méi brauch, Dir se awer nach braucht fir d‘Ausübung, d‘Verdeedegung oder d‘Geltendmachung vu Rechtsuspréch, dann hutt Dir d’Recht, amplaz vun der Läschung d’Aschränkung vun der Veraarbechtung vun äre persounebezunnen Donnéeën ze verlaangen.
Wann Dir e Widdersproch no Art. 21 Abs. 1 RGPD ageluecht hutt, muss eng Ofwägung zwëschen Ären an den Interesse vum Bedreiwer virgeholl ginn. Soulaang net feststeet, wiem seng Interessen iwwerweien, hutt Dir D’Recht d’Aschränkung vun der Veraarbechtung vun ären Donnéeën ze verlaangen.
Wann Dir d’Veraarbechtung vun äre persounebezunnen Donnéeën ageschränkt hutt, däerfen des Donnéeë – vun der Späicherung ofgesi – nëmme mat ärer Awëllegung oder zur Geltendmaachung, Ausübung oder Verdeedegung vu Rechtsuspréch oder zum Schutz vu Rechter vun enger anerer natierlecher oder juristescher Persoun oder aus Grënn vun engem wichtegen ëffentlechen Interesse vun der Europäescher Unioun oder engem Memberstaat veraarbecht ginn.
Widdersproch géint Reklamm-E-Mailen a SPAM
Et gëtt sech heimat der Notzung vun den am Kader vum Impressum verëffentlechte Kontaktdaten zum Verschécke vun net ausdrécklech agefuerderte Reklammen an Informatiounsmaterialie widdersat.
De Bedreiwer vun dëse Säiten hält sech ausdrécklech rechtlech Schrëtter vir am Fall vun onverlangtem Zouschécke vu Reklamenmaterial z.B. duerch Spam-E-Mailer.
Cookien
D‘Internetsäite benotze sougenannte Cookien. Cookie riichte kee Schued op ärem Computer un an sie enthale keng Viren. Cookien dengen dozou, d’Offer méi benotzerfrëndlech, méi effektiv a méi sécher ze maachen. Cookie si kleng Textdateien, di op ärem Rechner ofgeluecht ginn an di äre Browser späichert.
Di meeschte vum Bedreiwer benotzte Cookie sinn sougenannte “Sessioun-Cookien”. Si ginn no Enn vun all Besuch automatesch geläscht. Aner Cookie bleiwen op ärem Computer gespäichert bis Dir si läscht. Des Cookien erméiglechen et dem Bedreiwer, äre Browser beim nächste Besuch erëmzeerkennen.
Dir kennt äre Browser sou astellen, dass Dir iwwert d’Setze vu Cookien informéiert gitt a Cookien nëmmen am Eenzelfall erlaabt, d’Acceptéiere vu Cookie fir bestëmmte Fäll oder generell refuséiert, an d’automatesch Läschung vu Cookie beim Zoumaache vum Browser aktivéiert.
Am Fall vun der Desaktivéierung vu Cookie kann d‘Funktionaliteit vun dësem Website ageschränkt ginn.
Cookien, déi zur Duerchféierung vum elektronesche Kommunikatiounsvirgang oder zur Bereetstellung bestëmmter, vun Iech gewënschte Funktiounen néideg sinn, ginn op Grondlag vum Art. 6 Abs. 1 lit. F RGPD gespäichert. De Bedreiwer huet e berechtegt Interesse un der Späicherung vu Cookien zur technesch feelerfräien an optiméierter Bereetstellung vu sengen Déngschter.
Server-Log-Dateien
De Provider vun de Säiten erhieft a späichert automatesch Informatiounen an sou genannte Server-Log- Dateien, di äre Browser automatesch iwwermëttelt. Dëst sinn :
Browsertyp a Browserversioun dat benotzte Betribssystem Referrer URL Hostname vun ärem Computer, Auerzäit vun der Server Ufro, IP-Adress
Eng Zesummeféierung vun dësen Donnéeë mat aneren Datequelle gëtt net gemaach.
D‘Erfaassung vun dësen Donnéeë geschitt opgrond vum Art. 6 Abs. 1 lit. F RGPD. De Bedreiwer huet e berechtegt Intressi un der technesch feelerfräier Duerstellung an der Optimiséierung vu senger Websaït – an dozou mussen d‘Server-Log-Files erfaasst ginn.
Ufro per E-Mail
Wann Dir de Bedreiwer per Email kontaktéiere wëllt, gëtt är Ufro inklusiv all déi doraus ervirgoend persounebezunnen Donnéeën (Numm, Ufro) zum Zweck vun der Beaarbechtung vun ärem Uleies gespäichert a veraarbecht. Ausser am Kader vun der uewen ugefeierter Geltendmaachung vu Rechter vum Bedreiwer oder der Ausübung vu geriichtleche Schrëtt gëtt de Bedreiwer är Donnéeën net ouni är Awëllegung weider.
D’Veraarbechtung vun dësen Donnéeë geschitt opgrond vun ärer Awëllegung (Art. 6 Abs. 1 lit. A RGPD) an / oder opgrond vu berechtegten Interesse vum Bedreiwer (Art. 6 Abs. 1 lit. F RGPD), well deen e berechtegt Interessi un der effektiver Beaarbechtung vun un hie gerichten Ufroen huet.
Di vun Iech un de Bedreiwer per Kontaktufro geschéckten Donnéeë gi gespäichert, bis Dir de Bedreiwer zu hirer Läschung opfuerdert, är Awëllegung zu hirer Späicherung widderrufft, oder den Zweck vun hirer Späicherung entfält (z. B. nom Ofschloss vum Traitement vun ärer Uleies). Zwéngend gesetzlech Bestëmmunge – besonnesch gesetzlech Opbewohrungsfriste – bleiwen onberéiert.