
Wéi de Programm “Phonologesch Bewosstheet am Spillschoulsalter” 2004 erauskoum, war en den éischte Programm fir d’Fërderung vun der phonologescher Bewosstheet, dee fir de lëtzebuergesche Schoulkontext adaptéiert gouf.
No méi wéi 15 Joer, an am lafenden Austausch mat engem Grupp Enseignanten, si wichteg Upassunge gemaach ginn, déi deene leschten internationale wëssenschaftlechen Erkenntnisser Rechnung droen.
Am Joer 2020 gouf déi iwwerschaffte Versioun vum Programm “Phonologesch Bewosstheet am Spillschoulsalter” mat de beschriwwenen Neierungen an onverännerter Programmstruktur vum SCRIPT editéiert.
De Programm „Phonologesch Bewosstheet mam Sila“ ass zougänglech iwwert d’Websäit https://sila.script.lu.